Flöte spielende Hände
Beps Musek Atelier

Wat ass aanescht an dëse Solfègebicher?

Ween net héiert wat e geseit a net geseit wat en héiert,
verdéngt net Museker genannt ze ginn!
Zoltàn Kodàly

Am Mëttelpunkt vun der Aarbecht mat ménge Bicher steet d'Entwécklong vun der Fähegkeet, vum Noutebild aus intonéieren ze kënnen, ouni d'Hëllef vun enger anerer Persoun oder engem Instrument an d'Fähegkeet, sech Musek ënnerlech virstellen ze kënnen, och wann déi Musek elo grad net erkléngt. Dat ass d'Schoule vun

  • der Intonatioun,
  • dem Gehéier an
  • dem Rittmus!

D'Kand soll net eréicht duerch d'Beschäftegong mat séngem Instrument léieren mat der Nouteschrëft ëmzegoen, well dat géng de Solfège iwwerflësseg maachen. Dat ass awer net am Sënn vun eisem Museksunterrecht.

Wat bidde méng Bicher, fir dës Ziler ze erreechen?

Virun aller musekalescher Übong,
der rittmescher wéi der melodescher,
steet d'Sproochübong.
Carl Orff

Dat 1. Buch fänkt u mat engem Sproch. Aus dësem Sproch gëtt de Rittem erausgezunn an den Takt geléiert. Dee selwechte Sproch als Zweetounmelodie, gëtt benotzt fir déi éischt Nouten, den éischten Intervall an déi éischt Théoriebegrëffer ze léieren.

D'Solfègelektiounen an den éischte Bicher si kuerz.
Wat bezwecken ech domat?

Et ass eng Tatsaach, datt d'Kand sech an de laange Solfègelektioune verléiert. Dat geschitt méi oft wéi mir dat mengen. An deene klenge Lektiounen wéi se an de Bicher Préparatoire, 1. an 2. Jor stinn, kann een dëse Probleem reduzéieren resp. ganz ofstellen. Kleng Kanner kënne sech net ganz laang op eng Aarbecht konzentréieren. Kuerz Lektioune kommen hinnen do entgéint. Eng kuerz Lektioun léiert séch méi séier an et kann een se méi oft vun eenzelne Kanner widderhuele loossen. De Widderhuelongseffekt bréngt et mat sech, datt d'Kand sech méi séier mat der Lektioun identifizéiert an se doduerch gäre séngt. Domat ass se séier am Gediechtnes! D'Kanner gesinn och méi séier d'Enn vun der klenger Lektioun a verléieren net esou séier de Mutt un der Aarbecht a sangen se bestëmmt och gäeren doheem, well et jo schéi Melodie sinn. Eng Melodie darf nimols duerch e Virspill ageleet ginn, soss wëssen d'Kanner direkt, ëm wat fir eng Melodie et séch dréit a brauchen séch net méi um Noutebild ze orientéieren fir se ze sangen!

Vill kleng Lektioune maachen um Enn och vill Nouten, mat dem Virdeel, datt méi verschidden Tounarten, Stiler, Charakteren a Rittme geléiert konnte ginn. Et muss een allerdéngs déi aal Gewunnecht opginn, esou Lektioune wochelaang ze sangen.

Haaptsächlech am Préparatoire, am 1. an 2. Buch ass et wichteg, d'Intonatioun an de Rittmus ze trainéieren ewéi drop ze halen, schwéier Solfègelektiounen ze sangen.

Weider Iwwerléongen zou dësem Thema ënnert der Rubrik Froën.

Mat wat fir neien Übonge gëtt de Rittem an d'Intonatioun trainéiert?

Mat der Rittemsprooch ginn d'Rittme gelies a mat den Handzeeche ginn d'solmiséiert Nouten am Raum gewisen. Dës Hëllefsmëttele soll een net als eng Niewesaach betruechten. Si sollen esou laang ugewant ginn, wéi et noutwenneg ass.

Déi éischt Übonge sinn d'Rittem- an de Melodie-Echoen. Dës zwou Übonge sinn och déi éischt Diktater.

Finde die richtige Figur, sinn Übongen, déi ënnert d'Kategorie Gediechtnes- an Diktatübonge falen. Si hëllefen dem Kand, sech am Noutebild erëm ze fannen

De Prinzip vun dësen Übonge soll iwwert sämtlech Joren erduerch praktizéiert an dem jeweilege Niveau vun de Kanner ugepasst ginn.

Ech si kee Frënd vu sougenannte Quizaufgaben, wou an identeschen Aufgaben 1 Toun oder 1 Rittmus anescht ass oder Theorieaufgaben, wou nëmmen déi richteg Léisong ugekräizt muss ginn. D'Äntwert, déi d'Kand font huet, seet näischt aus iwwert dem Kand säi Wëssen, well et d'Aufgab net reproduzéiere muss. Bei esou Aufgabe gëtt absolutt neischt derbäi geléiert. Musek muss reproduzéiert ginn fir datt de Lauschterer se héiere kann.

Am Préparatoire ass e klengt Spill beschriwwen: de Liewege Piano, dat eng visuell Duerstellong vu kuerze Rittmen a Melodien erlabt.

D'Televisiounsspill, ass eng Gediechtnesübong an en Training fir d'Lecture à vue.

De Prinzip vun dëser Übong soll iwwert sämtlech Joren erduerch praktizéiert an dem jeweilege Niveau vun de Kanner ugepasst ginn.

D'Intonatiounsübonge mat de Solfègeübongen inklusiv der Gehéier- a Rittmusbildong sinn d'zentral Aarbecht vu ménge Solfègebicher.

Intonatiounsübongen

  • am 1. Proffebuch op S. 34/35, S. 65/66, S. 76/77,
  • am 2. Proffebuch op S. 9/10, S. 66, S. 68/69, S 72, S. 81, S. 91 bis 96, S. 101/102, S. 146
  • am 3. Proffebuch op S. 4/5, S. 10/11, S. 14 bis 16,
  • am 4. & 5. Proffebuch op S. 5 bis 7, S. 10.

D'Intervallen

D’ënner Virstellung vun den Intervallen an de Rittmen ass d’Viraussetzong, fir sech e Noutebild akustesch virstellen an et richteg ofsangen, eng Lecture à vue an en Diktat maachen ze kënnen!

D'Intervalle musse gesongen, solmiséiert, définéiert, mémoriséiert, gelauschtert, erëmerkannt a geschriwwe ginn.

D'Intervallen nëmmen theoretesch ze léieren, ass eng vun de sënnlosen a notzlose Beschäftigongen am Solfège (Paul Hindemith). D'Liese vun engem Rezept mécht net saat oder e Bild vun engem stéck Schokela suggeréiert fir deen, dee nach ni Schokela giess huet, keng Virstellung, wéi Schokela schmaacht. Dat bleift nëmmen e Bild an en theoreteschen Intervall bleift ëmmer nëmmen en theoreteschen Intervall ouni Bezuch zum Klank.
Déi selwecht Bemierkong gëllt fir d'Dreikläng an d'Tounliederen.

A der Aféierong zou ménge Bicher sti nach weider Bemierkongen zou dësem Thema.

Intervallübongen am

  • 1. Proffebuch S. 55/56,
  • 2. Proffebuch S. 13 bis 15, S. 68/69,
  • 3. Proffebuch S. 27/28, S. 31/32, S. 37, S. 41 bis 43, S. 105/106
  • 4. & 5. Proffebuch S. 13/14, S. 32/33, S. 39/40.

Dreiklangübongen am

  • 1. Proffebuch S. 81, S. 125, S. 134,
  • 2. Proffebuch S. 146 bis 148
  • 3. Proffebuch S. 46, S. 52/53 S. 62, S. 69/70,
  • 4. & 5. Proffebuch S. 27/28, S. 58.

Déi zweestëmmeg Sang- an Héierübongen

Mer kënne net fréi genuch mat der Zweestëmmegkeet ufänken. Si ass ganz wichteg fir dem Kand séng Entwécklong. Wéi soll e Kand zweestëmmeg héieren an denken, en zweestëmmecht Diktat maache kënnen, wann et nie virdru mat der Zweestëmmegkeet konfrontéiert gouf?! Wa mer dat net beim klenge Kand ufänken, wéini dann, wann et eventuell ze spéit ass.

An de Proffebicher sti nach weider Übongen, déi ech hei net opziele wëll.

Et wier onverzeilech, sech net mat den Intonatiouns- an Héierübongen auserneen ze setzen. Dofir brauch een awer Zäit, an déi muss iergendwou ewech geholl ginn an zwar do, wou onnëtz Sache geléiert ginn, an dat ass am Theorieunterrecht!

A propos Theorie

D'Theorie huet an eisen aktuelle Programmer e vill ze héie Stellewert, dee mat kengem Argument ze rechtfertegen ass! Et ass eng abstrakt Matière, déi vum klenge Kand nach net verstane ka ginn. Eréicht wann d'Kanner am richtegen Alter sinn, huet et Sënn, en Theorieprogramm duerchzezéien deen sech dann op en akustescht Wësse stëtze muss.

Duerzou en Zitat vum franséische Pädagogue Jean Bourjade:

Il est une faute pédagogique
de vouloir faire naître intempestivement la raison abstraite
chez un enfant de 10-11 ans,
dont l'intelligence ne peut s'exercer avec rectitude
que dans l'action et sur le plan de l'expérience concrète.
C'est ainsi qu'on crée le verbalisme creux.

An e weidert Zitat vum Jean Jacques Rousseau:

On ne peut forcer le développement.
Le temps ne respecte pas ce qu'on fait sans lui!

Weider Zitater fant Dir a der Aféierong zou ménge Bicher!

D'Virtuositéit am Nouteliese soll net vergiess ginn. Dofir gëtt et besonnesch Übongen: "d'séiert Liesen". Hei gëtt d'Virtuositéit vum Liesen entwéckelt an zwar scho vum Préparatoire un!

Ech hu festgestallt, datt et de Kanner vill Spaass mécht, wann een si derzou ustachelt, e Concours ze maachen, ween dës Übongen am séierste fäerdegbréngt.

E Kapitel, dat nach nie am Solfège behandelt gouf, ass d'Beschäftegong mat de Funktiounen Tonika, Subdominant, Dominant, Tonika (T-S-D-T) a Verbindong mat enger Melodie. De Schüler soll um Enn e Bass ënnert eng Melodie setze kënnen. All Harmonieprofesser wäert sech iwwert dëst Wëssen, wat de Schüler hei geléiert huet, freeën.

Un d'Musek lauschteren ass och geduecht ginn. Am 3te Buch sti Noutebeispiller an an alle Bicher sti méi wéi genuch Melodie mat deenen d'Kanner zum Museklauschteren animéiert kënne ginn.

A ménge 5 Solfègebicher sinn ongeféier 1500 Übongen. Genuch Matérial vum Préparatoire bis d'5t Jor Moyen. De Professer huet domat d'Méiglechkeet, säin Unterrecht ofwiesselongsräich ze organiséieren. Et kascht allerdéngs e bëssen Aarbecht, sech an d'Matière eran ze schaffen mee et lount séch!

Et steet e komplette Solfègecours zur Dispositioun, wéi et en hei am Land nach nie gouf!!

D'Solfègelektioune bauen op déi virdru geléiert Rittem- an Intonatiounsübongen op.

Si setzen dës Übonge viraus an applizéieren se.

Nëmme Solfègelektioune sangen notzt dem Kand wéineg.

Et soll gewëssenhaft drop virbereed ginn!