LëtzebuergeschFrançaisDeutsch

leopold.winandy@online.lu www.bepwinandy.lu/

Wat ass anescht an dëse Bicher?

Ween net héiert, wat e geseit,
a net geseit, wat en héiert,
verdéngt net, Museker genannt ze ginn!
Zoltán Kodály
Du musst es so weit bringen,
dass du eine Musik auf dem Papier verstehst . . .
Robert Schumann, Musikalische Haus- und Lebensregeln

Fir dësen Zitater gerecht ze ginn, muss vis-à-vis vum traditionellen Unterrécht, eng aner Konzeptioun, eng aner Philosophie ugebuede ginn.

Dofir steet am Mëttelpunkt vu ménge Bicher „Mir maache Musek“

D’Intonatiounsaarbécht d.h., d’Solmisatioun vun den Intervalle mat de Virzeechen, ass d'zentral Aarbécht. De Schüler muss et esou wäit bréngen, datt hien séch de Klank vun den Intervallen ënnerléch virstelle kann. Dës ënnerléch Virstellung ass di éischt Viraussetzung, eng Lecture à vue oder en Diktat maachen ze kënnen. De Schüler soll net eréicht duerch d’Beschäftigung mat séngem Instrument den Zougank zuer Nouteschrëft kréien. Dat ass net a méngem Sënn!

Den Unterrécht fänkt a ménge Bicher mat Lidder un, aus deenen den Takt, de Rittmus, di éischt Nouten, di éischt Intervallen an och di éischt Theoriebegrëffer ofgeleet ginn. D’theoretesch Informatioun ass ëmmer un d’Praxis gekoppelt an ass keen eegent Fach.

D’Lektiounen an den éischte Bicher si kuerz. Firwat?

Et ass eng Tatsaach, datt d’Kand sech a laange Lektioune verléiert. Dat geschitt méi oft wéi mir dat mengen. An deene klenge Lektiounen, wéi se a ménge Bicher stinn, kann een dëse Probleem reduzéieren resp. ganz ofstellen. Kleng Kanner kënne sech net ganz laang op eng Aarbecht konzentréieren. Kuerz Lektioune kommen hinnen do entgéint. Eng kuerz Lektioun léiert séch méi séier an et kann een se méi oft vun eenzelne Kanner widderhuele loossen. De Widderhuelungseffekt bréngt et mat sech, datt d’Kand sech méi séier mat der Lektioun identifizéiert an se doduerch gäre séngt. D’Kanner gesinn och méi séier d’Enn vun der klenger Lektioun a verléieren net esou séier de Mutt un der Aarbécht a sangen se bestëmmt och gäeren doheem, well et jo schéi Melodie sinn. Vill kleng Lektioune maachen um Enn och vill Nouten, mat dem Virdeel, datt méi verschidden Tounarten, Klangcharakteren a Rittme geléiert kënne ginn.

Zweestëmmeg Sang- an Héierübungen

Et kann ee net fréi genuch mat der Zweestëmmegkeet ufänken. Si ass ganz wichteg fir dem Schüler séng Entwécklung. Wéi soll e Kand zweestëmmeg héieren an denken, en zweestëmmegt Diktat maache kënnen, wann et ni virdru mat der Zweestëmmegkeet konfrontéiert gouf ? Wa mer dat net beim klenge Kand ufänken, wéini dann, wann et eventuell ze spéit ass.

“Schnelles Lesen”. Mat dësen Übunge gëtt d’Virtuositéit vum Liesen entwéckelt an dat scho vum der FM 1 un! Ech hu festgestallt, datt et de Kanner vill Spaass mécht, wann een si derzou ustachelt, e Concours ze maachen, ween dës Übungen am séierste fäerdegbréngt.

E Kapitel, dat nach ni behandelt gouf, ass d’Beschäftegung mat de Funktioune vun der Tonika, Subdominant, Dominant, Tonika (T-S-D-T) a Verbindung mat enger Melodie. Um Enn soll de Schüler amstand sinn, e Bass ënnert eng Melodie setzen ze kënnen.

Ech si kee Frënd vu sougenannte Quizaufgaben, wou nëmmen déi richteg Léisung ugekräizt gëtt. D’Äntwert, déi de Schüler fonnt huet, seet eis net, wat hie wierklech weess a kann. Fir dat ze iwwerpréifen, muss de Schüler d’Aufgab selwer reproduzéieren.

D’didaktesch Aarbécht besteet aus dem Sangen, Solmiséieren, Défineieren, Mémoriséieren, ënnerem Virstellen, Héieren, Erëmerkennen a Schreiwen.

Den traditionellen Theorieunterrécht, eng abstrakt Matière, huet am aktuelle Programm e vill ze héie Stellewäert, dee mat kengem Argument ze rechtfertegen ass!

Wéi seet de franséische Psychologue Jean Bourjade:

Il est une faute pédagogique de vouloir faire naître intempestivement la raison abstraite chez un enfant de 10-11 ans, dont l’intelligence ne peut s’exercer avec rectitude que dans l’action et sur le plan de l’expérience concrète. C’est ainsi qu’on crée le verbalisme creux.

An e weidert Zitat vum Jean-Jacques Rousseau:

On ne peut forcer le développement. Le temps ne respecte pas ce qu’on fait sans lui!

Musek lauschteren ass och e Bestanddeel vum Cours. Et wier onverzeilech, wann de Schüler keng Musek ze lauschtere kréit. Am 5. a 6. Buch si Beispiller, déi vun enger CD gelauschtert kënne ginn. Munnech Lektioun eegent séch och, gelauschtert ze ginn.

Fir de Professer steet e komplette Musekscours zur Dispositioun, wéi et en hei am Land nach nie gouf.

D’solmiséiert Lektioune bauen op déi virdru geléiert Rittmus- an Intonatiounsübungen op. Si setzen dës Übunge viraus an applizéieren se. Nëmme Lektiounen erofsangen notzt dem Kand wéineg. Et soll gewëssenhaft drop virbereed ginn!

 

top