LëtzebuergeschFrançaisDeutsch

leopold.winandy@online.lu www.bepwinandy.lu/

Réckbléck

An der franséischer Revolutioun koum 1795 en Décret eraus, mat deem de Conservatoire vu Paräis an d’Liewe geruff gouf. An deer Kommissioun, déi “la rédaction des principes élémentaires de musique”, de Programm opgestallt huet, wore nëmme Komponiste vertrueden.

De Solfègeprogramm gouf vun engem gewësse Jean-Joseph Rodolphe beaflosst, dee scho 1786 e Buch publizéiert hat, iwwert dat de François-Joseph Fétis (1784-1871) esou geuertelt huet:

Cependant, il serait difficile d’imaginer rien de plus médiocre, car on n’y trouve ni logique, ni méthode dans l’exposé des principes. Le style en est pitoyable et les leçons y sont aussi mal graduées que mal écrites pour la voix.

Mat dësem Wierk gouf d’Entwécklung vum A virun d’Entwécklung vum Ouer gestallt.

De Claude-Henry Joubert schreift a séngem Buch “Enseigner la musique, l’état, l’élan, l’écho, l’éternité":

Le Conservatoire devait fournir des voix pour la scène et des musiciens pour la fosse d’orchestre de l’Opéra, d’autre part, être pourvoyeur des musiques de l’armée. Ces musiciens n’avaient pas besoin d’une éducation musicale approfondie, il importait seulement qu’ils fussent bons instrumentistes et bons lecteurs!

De Programm war also fir erwuesse Leit, fir zoukënfteg professionnel Museker virgesinn, a net fir kleng Kanner. Am Laaf vun der Zäit goufe Sukkursale vum Paräiser Conservatoire an och Musekschoulen am Land gegrënnt an iwwerall war, esou wéi dat an de Revolutiounen eben ass, dee selwechte Programm virgeschriwwen. Wéi an eisem Land de Museksunterrécht opgebaut gouf, koumen haaptsächlech belsch Professeren an Direkteren heihin. De Conservatoire vu Lëtzebuerg sollt jo eng Filial vun de belsche Conservatoire ginn. Wat déi Leit matbruecht haten, war dat, wat si an der Belsch kannt hunn, an dat war de Programm vum Paräiser Conservatoire.

Dëse Programm ass haut nach ëmmer an eise Conservatoiren an an eise Musekschoule gëlteg, obschon den Alter vun de Kanner dem deemolegen Alter bäi wäitem net méi entsprécht. Et freet ee sech: wou ass den Ennerscheed tëschent engem Conservatoire an enger Musekschoul? Eis feelt eng Primärstuf fir d’Musekschoulen, fir Kanner aus der Primärschoul, déi nach net abstrakt denke kënnen. De momentane Programm iwwerrullt d’geeschteg Evolutioun vun de Kanner.

Wéi sot de Jean-Jacques Rousseau:

On ne peut forcer le développement.
Le temps ne respecte pas ce qu’on fait sans lui!

Iwwert d’Qualitéit vun eisem Solfège sot de Prof. Gábor Friss aus Budapest:

Was sind das für unmusikalische Singübungen, die die Kinder erlernen müssen. Aus der Musikliteratur sollen die Übungen kommen, von den großen Meistern und nicht von drittklassigen Komponisten!

De Zoltán Kodály sot :

Nur das Beste ist gut genug für die Kinder.

 

top