LëtzebuergeschFrançaisDeutsch

leopold.winandy@online.lu www.bepwinandy.lu/

Pedagogie

Pour apprendre le latin à Pierre,
il faut d'abord connaître Pierre, ensuite le latin.

Dës al Pedagogiereegel gëtt gäer vergiess. An eisem Museksunterrécht steet d’Unterréchtsmatérial iwwert dem Kand.

C’est l’enfant qui décide ce qu’il comprend,
ce qu’il retient, ce qu’il apprend.
Claude-Henry Joubert

De Zoltán Kodály sot:

Ein Programm für die kleinen Kinder muss gut durchdacht und eindeutig sein und nur die fähigsten Lehrer sollten kleine Kinder unterrichten dürfen.

Den éischte Gedanke bei der Opstellung vun engem Solfègeprogramm soll sinn, d’Kand zur Musek hinzeféieren. Den Theorieunterécht an de “sur son donné” sinn dofir net geeegent. Ween e gudde Solfègecours hale wellt, muss d’Theorie op der Säit loossen. Kanner ënner 11-12 Jor kënne nach net abstrakt denken. D’Theorie ass awer en abstrakt Fach. Amplaz vun der Theorie soll d’solmiséiert Intonatioun vun den Intervalle mat de Virzeeche gesat ginn. Nëmmen d’klangléch ënner Virstellung, mat der korrekter Solmisatioun, mécht d’Kanner kapabel, séch d’Nouteschrëft virzestellen, se vum Blat ze sangen, en Diktat ze verstoen an et ze schreiwen.

A séngem Buch "Enseignement de la musique" schreift de Claude-Henry Joubert:

Ne demandez pas à un enfant de discerner des éléments qu’il ne peut pas pratiquer. L’apprentissage de définitions théoriques doit à ce stade être collé à la pratique.

De Jean Bourjade, Kannerpsychologue, schreift:

Il est une faute pédagogique de vouloir faire naître intempestivement la raison abstraite chez un enfant de 10-11 ans, dont l’intelligence ne peut s’exercer avec rectitude que dans l’action et sur le plan de l’expérience concrète. C’est ainsi qu’on crée des verbalismes creux.

Prof. Dr. Eckart Altenmüller und Dr. Wilfried Gruhn, Museks-Pedagoguen, schreiwen:

“Für die Praxis der Musikerziehung ist die Erkenntnis von höchster Relevanz, dass der Erwerb musikalischer Vorstellungen an körperlich durch Bewegen, Singen und Spielen erworbenen Mustern ansetzen muss, bevor begriffliche Benennung, symbolische Übertragung (Notation) und theoretische Erklärung sinnvoll hinzutreten können. Musik kann nur musikalisch und nicht über Begriffe und Regeln gelernt werden”.

Paul Hindemith schreift:

Es ist unsinnig, Intervalle, Tonleiter und Akkorde nur theoretisch zu behandeln.

Ech faassen zesummen:

Musek ass Klank an d’Musekstheorie klénkt net. En Theoriebegrëff huet nëmmen dann e Sënn, wann en a Verbindung mat sénger klanglécher Virstellung steet. All aner Beschäftigung ass notzlos a verlueren Zäit.

Well d’Kanner praktesch veranlagt sinn, gebrauchen ech Hëllefsmëttele wéi d’Rittmussprooch fir d’Rittmen ze liesen an d’Handzeeche fir d’Nouten am Raum duerzestellen. Domat ass et méiglech, de Kanner d’abstrakt Noutebild verständléch ze maachen.

Gehör und Verstand zu schulen ist Aufgabe des Solfègeunterrichts,

schreift de Zoltán Kodály.

Dofir steet a ménge Bicher d’Rittmus- an d’Gehéierbildung, d’Intonatioun an d’Solmisatioun vun den Intervallen, den Akkorden, den Tounlederen, de Melodien, dem Begräife vun den Tounarten an d’ënner klangléch Virstellung vum Noutebild am Zentrum vun der Aarbécht. D’Solmisatioun vun den Intervallen, den Akkorden an den Tounledere gëtt mat der Aussprooch vun de Virzeeche gemaach. Dat befäegt d’Schüler, d’Solfègelektioune mat den “Do-Silben” ze sangen an dobäi ënnerléch d’Virzeechen ze denken an ze fillen! Nëmmen esou kann de Schüler d’Nouteschrëft verstoen an se reproduzéieren.

Deen a ménge Bicher beschriwwene Wee, d’Solfègelektiounen ze léieren, soll de Professer gutt kennen an uwennen!

Vill pedagogesch a praktesch Informatioune fënnt de Professer a ménge Publikatioune Mir maache Musek:

Singen ist das Fundament zur Musik in allen Dingen.
Wer die Komposition ergreift, muß in seinen Sätzen singen, wer auf Instrumenten spielet, muß des Singens kundig sein.
Also präge man das Singen jungen Leuten fleißig ein!
Georg Philipp Telemann (1681-1767)

 

top