LëtzebuergeschFrançaisDeutsch

leopold.winandy@online.lu www.bepwinandy.lu/

Virwat huet de Solfège iwwerhaapt esou e schlechte Ruff bei de Kanner?

Froe si sech net oft, fir wat de Solfège gutt ass?

E Kand mellt sech an der Musekschoul oder dem Conservatoire un. Et wëllt en Instrument léieren. Wat maache mer mat deem Kand: Mer verlaange vun him, datt et emol e Jor Solfège mécht, ier et säin Instrument an d’Hand huelen darf. Duergéint wier näischt ze soen, wann dem Kand dat Wësse vermëttelt géif, dat et brauch fir d’Museksschrëft ze verstoen a säin Instrument ze léieren. Meeschtens ass dat net de Fall, eng abstrakt Theorie a laang Solfègelektiounen déi all an “do-majeur” gesonge ginn, féieren zou engem zweifelhafte Resultat.

Wéi sot mäi Pianosprof:

Si hu kee Gehéier a kee Rittmusgefill, wann se an de Pianoscours kommen!

Et ass Oktober, de Marc ass an d’zweet Jor Solfège komm. Well iergend eppes hapert, freet seng Mamm mech, ob ech net dem Marc e bësse virunhëllefe kéint.

An eiser éischter Stonn seet de Marc mer voller Stolz, datt a sengem Buch eng Lektioun steet, déi hie gäre séngt an déi e gutt kann. Hien hätt des Lektioun d’läscht Jor am Exame gesongen.

Ech wollt dem Marc eng Freed maachen a soot, hie soll mer dës Lektioun sangen. Hie schléit säi Buch op, ech ginn himm den éischten Toun un, mee et kënnt keen Toun. Ech hunn dorop de Marc gefroot, wéi heescht dann déi éischt Nout. Mee de Marc wosst dat net. Ech froën da wat fir e Schlëssel do steet (et war de Fa-Schlëssel). Och dat weess de Marc net. Ech erklären himm dann alles. Awer nach ëmmer kann de Marc seng esou gutt gewosste Lektioun net ufänken an hie seet mer: “Elo weess ech net méi, wéi se geet!” Durop hun ech dem Marc den Ufank virgesongen a wéi d’Kugel aus der Flënt, séngt de Marc mer d’ganz Lektioun erof, ouni an d’Buch ze kucken. Hie konnt se auswenneg, huet awer keng eenzeg Nout dervu kannt !! Hie war net am Stand, sech d’Melodie vum Noutebild hier virzestellen, se erëm ze erkennen, a se dann ze sangen. Hie war ganz einfach e Solfège-Analphabet.

Loosse mer eis net oft vu Schäiresultater ier féieren ! De Marc huet eng Solfège-Lektioun auswenneg gesongen, awer hie konnt weder d’Noute liesen, se séch virstellen, nach se intonéieren. Doduerch konnt hien och keen Diktat a keng Lecture à vue maachen.

Well de Marc säi Musekswëssen am Instrumentecours krut, huet de Marc de Solfège einfach als iwwerflësseg ugesinn.

D’Nouteliesen a -sangen, d’Virausliesen, d’Intonatioun, d’Rittmen, d’ënnert an d’baussend Gehéier a Gediechtnes, d’Intervallen, d’Dreikläng, d’harmonesch Funktiounen etc., all des Matière muss de Schüler verstoe léieren, se üben, erëmerkennen, se sech virstelle kënnen a vun allem sech een Automatismus uneegenen, fir schnell ze réagéieren an d’Nouteschrëft reproduzéieren ze kënnen.

De Zoltan Kodály soot:

Een deen net héiert, wat e gesäit,
a net gesäit, wat en héiert,
verdéngt nët, Museker genannt ze ginn!

 

top